• D’Piratepartei tëscht sozialliberaler Rhetorik an neoliberaler Realitéit.

    Ee Virworf kann een der Piratepartei lo wuel endgülteg net méi maachen: Si hu lo e wirtschaftleche Programm formuléiert a souguer hiert […]

  • An der Lescht gouf vill vun Neiwahle geschwat a schlussendlech hu sech op Nationalfeierdag eng 200 bis 250 Leit zesummefonnt, déi dofir demonstréiert hunn – an och ech a vill aner Lénker sinn dësem Opruff nokomm; […]

  • Traditionell gëllt d’CSV zu Lëtzebuerg jo als déi Partei, déi d’Wäerter vun der kathoulescher Kierch vertrëtt. Ëmmerhin ass se jo „chrëschtlech-sozial“, verdeedegt vehement d’Privilege vun der Kierch, suergt dofir, datt den Avortement net weider liberaliséiert gëtt an huet och bal geschloss géint d’Stierfhëllef votéiert. Mä elo kritt se Konkurrenz vun der ADR, déi sech säit […]

  • Gëschter – also den 9. Mee – wor Europadag. Un deem Dag sollen d’Errungenschafte vun der europäescher Vereenegung a Form vun der Europäeschen Unioun gefeiert ginn. Am gängegen Toun vun deene meeschten gesellschaftlechen Akteuren heescht dat, d’Stabilitéit, de Fridden, déi no bannen oppe Grenzen ze feieren, déi d’EU eis hirer Meenung no bruecht huet. Mä […]

  • Wéi déi grouss politesch Parteien zu Lëtzebuerg d’Finanzplaz erhale wëllen an d’Reindustrialiséierung verhënneren. Elo viru Kuerzem huet d’ADR sech nach ëffentlech zur Finanzplaz geäussert an d’Bankegeheimnis, wat zu Lëtzebuerg oft vu Steierhannerzéier aus aller Welt benotzt gëtt, a Schutz geholl: ouni d’Bankegeheimnis géing d’Finanzplaz Lëtzebuerg un Attraktivitéit verléieren. Awer och d’Piratepartei, déi soss net allze vill mat […]

  • Sveinn schrieb neuen Beitrag, Hugo Chávez – en Noruff , auf der Webseite Res Publica vor 6 Jahren, 1 Monat

    Thumbnail Den Hugo Chávez, President vu Venezuela, ass de 5. Mäerz, nodeems e laang mam Kriibs gekämpft huet, am Alter vun 58 Joer verstuerwen. Hie gouf 1998 fir d’éischte Kéier zum President vu Venezuela gewielt a wor bis zu sengem Doud all Kéiers erëmgewielt gi; meeschtens mat kloere Majoritéiten. Hie gouf eragewielt an e korrupte System, […]

  • Eng progressiv Äntwert op konservativen Nonsense. Nodeems elo och Frankräich sech endlech derzou duerchgerongen huet, d’Bestietnis och fir Homosexueller opzemaachen, huet et natierlech net laang gedauert bis sech déi éischt homophob lëtzebuerger Rietspopuliste sech zu Wuert mellen: an dësem Fall de Fernand Kartheiser, ehemolegen ADR-Präsident a Matgrënner vun der antifeministescher AHL. Hien huet op sengem Blog en Artikel […]

  • Den Héichpunkt vun der politescher Existenz vun der ADR ass scho laang Vergaangenheet. Scho wéi den Aly Jaerling d’ADR verlooss huet fir seng eegen inhalts- an erfolleglos „Biergerlescht“ an d’Liewen ze ruffen, huet se an der Chamber hire Status als Fraktioun verluer a konnt deen och zanterhier net méi zeréckerueweren. Wéi elo och nach ee […]

  • Ennerscheeder a Gemeinsamkeete vum kathoulesche Mainstream an „kreuz.net“. Déi immens hetzeresch Websäit „kreuz.net“ déi a leschter Zäit v.a. doduerch opgefall ass datt se de verstuerwene Schauspiller Dirk Bach mat vulgären homophobe Spréch schlecht gemaach huet an deenen déi reaktionär Auteuren behaapt hunn, hie géing an der „Homo-Hölle“ schmoren. Vun däraartege verbalen Entgleisungen huet och déi offiziell […]

  • ThumbnailD’Josée Hansen, eng Journalistin vum „Lëtzebuerger Land“, gouf schonn am Januar vun der „Lëtzebuerg Privat“, eng Boulevardzeitung am räisseresche Stil vun der „Bild“, denoncéiert wéint angeblecher „Diffamatioun“. Dobäi hat si an engem Artikel iwwert déi neofaschistesch Organisatioun vun de „Lëtzebuerger Patrioten“ Liaisounen hirgestallt tëscht der „Lëtzebuerg Privat“ an de Faschisten. Dëst gouf vun hir domat begrënnt, […]

  • A leschter Zäit gouf vill diskutéiert iwwert e kontroverse Film, deen anscheinend an der muslimescher Welt eng Rei Opstänn verursaacht soll hu well en de Prophet vum Islam, de Mohammed, beleidege soll: „Innocence of Muslims“. Déi eng feieren de Film, déi aner veruerteelen en a fuerdere munchmol souguer e Verbuet – eng Opfaassung, déi och […]

  • Oder: wisou et net wënschenswäert ass, eng neutral Press ze hunn. Et héiert een oft, virun allem aus Kreesser vun der „Lëtzebuerg Privat“ a lëtzebuergesche Rietspopulisten, datt mer zu Lëtzebuerg „keng neutral Press“ hätten, déi mer awer onbedéngt bräichten an op déi mer en Usproch hätten. Mä dat ass falsch, aus verschiddenste Grënn. Usproch hu mer […]

  • Den Anders Behring Breivik, de rietskonservativen Terrorist deen d’lescht Joer 77 Leit ëmbruecht huet, dorënner vill Kanner a Jugendlecher, gouf elo zu 21 Joer Prisong mat Sécherungsverwahrung veruerteelt. Elo kann een natierlech vill iwwer Sënn an Onsënn vu Prisongen debattéieren, mä dat ass elo mol eng Debatt fir en aneren Dag. Vill méi wichteg ass […]

  • An Däitschland gëtt den Ament eng intensiv Debatt iwwert d’Beschneidung vu klenge Bouwe gefouert. Ausschlaggebend wor dobäi e Geriichtsuerteel, dat Beschneidunge verbueden huet – duerno gouf et eng reeg Zoustëmmung, awer och Empörung an der Bevëlkerung an et gouf deelweis zimlech sentimental an irrational doriwwer diskutéiert. Während déi eng fanatesch op hirer reliéiser Fräiheet bestanen […]

  • Sozial Wäerter si jo scho mol e gudden Ufank 😉 – mä trotzdem feelt et am Parteiprogramm nach un enger Konkretiséierung dovu, wéi sech d’Piraten eng gutt Wirtschaftspolitik virstellen. Ech soe jo net, dass dat elo ni passéiert; ech huele jo un, datt dat iergendwann kënnt, mä bis dohin musst der iech d’Kritik um Feele […]

  • Et ass schonn eng gutt Zäitchen hier, datt d’Piratepartei sech zu Lëtzebuerg konstituéiert huet. Mä et ass wahrscheinlech den Erfolleg vun der däitschen Piratepartei zu Berlin an an den Ëmfroen a leschter Zäit, deen de Piraten elo och zu Lëtzebuerg e Motivatiounsschub verpasst huet – an der Press e Grond geliwwert huet, méi iwwert déi […]

  • Wéi ech gëschter de Mëtteg heemkoum, ass mer en Artikel an d’Aen gespronge vum Dany Sobral, engem jonken ADR’ler a Vizepresident vun der ADR-Jugendorganisatioun „adrenalin“. Den Artikel ass an immens schlechtem a feelerhaftem Däitsch gehalen an enthält eng vulgärpsychologesch „Analys“ vun de sougenannte „Lénksindoktrinéierte“, wéi hie se nennt. Mat „Lénksindoktrinéierte“ mengt hien natierlech näischt anescht ewéi […]

  • De Begrëff vun der „Meenungsfräiheet“ gëtt hautdesdaags oft gebraucht a benotzt fir sou zimlech alles ze rechtfertegen. Allerdéngs huet d'“Meenungsfräiheet“ an sech schonn en zimlech faden Bäigeschmaach. Schonn als Begrëfflechkeet kléngt se schrecklech am Ouer: d’Fräiheet, ze mengen. Ech wëll allerdéngs lo och gréisser Mëssverständnesser vermeiden. Während vill Leit tëschent „Meenungsfräiheet“ an Riedefräiheet net ënnerscheeden, wëll […]

  • Merci fir deng Ergänzungen, ech si frou datts’de hei nach bëssen zousätzlech Informatioune mat erabréngs. An ech kann der am Fong an zimlech allem zoustëmmen; et ass mer jo och net drems gaangen, all Form vun „Islamkritik“ einfach ofzedoen – natierlech ass all sachlech Kritik ëmmer an iwwerall ubruet an noutwenneg. Ech zweifele just un […]

  • Sveinn schrieb neuen Beitrag, Problem „Islamkritik“, auf der Webseite Res Publica vor 7 Jahren, 4 Monaten

    Mir liewen an enger Gesellschaft, déi sech gäre mol e Sündenbock sicht fir all méiglech Problemer. Haut mussen v.a. Muslime dorënner leiden: et gëtt hinne virgeworf, si géingen kollektiv alleguerten d’Scharia an Europa aféiere wëllen, en europäesche Gottesstaat schafen, ofwiesselnd no iraneschem oder saudiarabeschem Virbild. Dëst besonnesch vu sougenannten „Islamkritiker“ vu riets; also vu Rietspopulisten […]

  • Mehr laden