• Eng politesch neutral Gewerkschaft wier keng Gewerkschaft méi. Mol dovun ofgesinn datt och keng Gewerkschaft dësen Usproch jeemools formuléiert hätt – just parteionofhängeg sinn déi meescht. Groussen Ënnerscheed. […]

  • VorschaubildD’Schmiercampagne vun Nee2015 an dat ellent Gesiicht vun der ADR.

    Bal d’Halschent vun de volljäregen Awunner vu Lëtzebuerg duerf net wiele goen – awer sou lues kënnt an dëse Problem e wéineg frësche Wand; […]

  • E kritesche Jo zum „Awunnerwahlrecht“.

    Ënnert den dräi Froen, déi am Referendum am Juni gestallt ginn, ass den Ament eng besonnesch hefteg diskutéiert: déi, ob mer sollen en Auslännerwahlrecht aféieren oder […]

  • Wéi d’Géigner vun der Press nom Attentat op Charlie Hebdo hir Léift fir d’Pressefräiheet entdeckt hunn.

    Schonn nees en Artikel iwwert d’ADR – mä leider geet et net anescht. Duerch d’Terrorattack op dat […]

  • Wéi ADR-Politiker mat Rassisten a rassisteschen Ideologië sympathiséieren.

    Et ass jo am Fong näischt Neies, datt d’ADR oppen ass fir rassistesch Tendenzen. Mä grad elo, wou an Däitschland rëm de rassistesche […]

  • Sveinn schrieb neuen Beitrag, Et muss méi zerstéiert ginn!, auf der Webseite Res Publica vor 4 Jahren

    Eng Replique op dem Fernand Kartheiser seng Fuerderung no enger „konservativer (Géige-)Revolutioun“.

    De Fernand Kartheiser, Deputéierte vun der ADR, ass jo schonn ëfters mat äerzreaktionäre Positiounen […]

  • Sveinn schrieb neuen Beitrag, Kulturkampf am Atlantik, auf der Webseite Res Publica vor 4 Jahren, 2 Monaten

    Wéi Sea Shepherd mat Stereotypen, Emotionaliséierung a Feelinformatioun géint d’Färinger virgeet.

    Nodeems an deene leschte Joere schonn ëfters besonnesch schockéierend Meldungen an de sozialen Netwierker zum […]

  • Sveinn schrieb neuen Beitrag, Et waren ëmmer déi aner, auf der Webseite Res Publica vor 4 Jahren, 6 Monaten

    Wat fir Léieren zitt d’LSAP aus der Europawahl?

    De 25. Mee gouf en neit Europaparlament gewielt. Verluer hunn dobäi allen dräi aktuell Regierungsparteien – mä keng Partei huet sou grouss Verloschter ze […]

  • Wisou mer eis net reflexaarteg mat all Protest am Ausland solidariséiere sollten.

    An der Zäit vum Internet kréie mer vill mat vu Protester – souguer da, wann autoritär Regimer probéieren, de Floss vun den Informatiounen no baussen ze verhënneren. Gläichzäiteg awer gi mer tendenziell nach méi ufälleg fir Propaganda; mir maachen eis an der Zäit vun Tweets, Hashtags a Facebook-Status-Updates net méi d’Méi, grouss z’analyséieren a schlécke kuerz gefaasst an dowéint oft verkierzt Informatiounen ouni grouss doriwwer nozedenken. Virun allem da, wann dat Ganzt och nach mat spektakuläre Biller garnéiert gëtt.

    Mä grad d’Biller ginn oft verfälscht. Sou z.B. bei de Protester a Venezuela, fir e prominent Beispill ze huelen. Fir genee ze si, gëtt an éischter Linn an de Räichevéierele protestéiert, déi virun der PSUV-Regierung net mol zougänglech ware fir aarm Leit. Trotzdem hunn eben dës räich Leit un déi sozial Oder appeléiert an et no baussen hin duergestallt, wéi wann et hei ëm e Konflikt tëscht den Aarmen an der Regierung goe géing. Tatsächlech awer sinn d’Aarmevéierele recht roueg, während déi Räich sech op Twitter iwwert déi deier a knapp Mëllech beschwéieren. Gläichzäiteg gi Biller verëffentlecht, déi Poliziste weisen, déi Protester brutal nidderschloen an et gëtt suggeréiert, dës Biller géingen aus Venezuela stamen – a Wierklechkeet awer stamen se gréisstendeels aus Chile a stame vun de Studenteprotester während der Presidentschaft vum Piñera a munchmol souguer vun egyptesche Protester. Dobäi gëtt dann och nach d’Gewalt, déi vun den Demonstranten ausgeet an oft souguer déidlech ass, bewosst verschwiegen, grad ewéi d’Tatsaach, datt vill Polizisten, déi bei de Protester exzessiv Gewalt ugewant hu, sech och viru Geriicht verantworte wäerte mussen – dat ass méi, wéi z.B. bei de meeschte Fäll vu Polizeibrutalitéit an den USA z’erwaarden ass. Dobäi kënnt, datt zu de „Leadere“ vun der venezolanescher rietser Oppositioun – an dat sinn déi, déi den Ament „protestéieren“ – och Gruppen a Persoune gehéieren déi maassgeblech um Militärputsch vun 2002 géint den Hugo Chávez bedeelegt waren.

    En ähnlechen, awer trotzdem och anescht gehalene Fall ass d’Ukrain. Hei koum et zu grousse Protester, wéi den zu där Zäit amtéierende President Janukowitsch declaréiert huet, e Vertrag mat der Europäescher Unioun, deen ugestanen hätt, nei aushandelen ze wëllen. De Janukowitsch huet als éischter russlandfrëndlech gegolt a wollt sech och entspriechend Russland unnäheren. Am Fall vum Janukowitsch gouf et e puer Ënnerscheeder zur Situatioun a Venezuela: An der Ukrain sinn d’Protester tatsächlech net just vu Räichen ausgaangen, mä vu wäitaus gréisseren a méi sozial diversen Deeler vun der Bevëlkerung. D’Divisioun war éischter ethnesch; a sou hunn am Verglach wéineg russeschsproocheg Ukrainer deelgeholl. An och déi staatlech Repressioun wor ganz eendäiteg ze veruerdnen an et ass ganz kloer, datt déi zu deem Zäitpunkt amtéierend Regierung do net gezéckt huet, schaarf op Demonstrante schéissen ze loossen.

    Dofir gouf et wahrscheinlech och sou vill Sympathie fir déi ukrainesch Demonstranten; si hu sech géint en Despot zur Wier gesat, deen net gezéckt huet, se vu senge Kommandoen erschéissen ze loossen. Mä och hei ass et dann awer net ganz sou einfach; de Janukowitsch war awer ëmmerhin e gewielte President. Dëst rechtfäerdegt natierlech kengesfalls säi Verhalen – trotzdem si Politiker hei normalerweis éischter zeréckhalend domat, de Stuerz vu gewielten autoritäre Presidenten ze fuerderen. Fréi gouf och scho kritiséiert, datt bei de Protester net einfach just faschistesch Kräft matmaache, mä déi rietsradikal Partei Swoboda souguer Deel vum Parteiebündnis ass, wat déi Protester geleet huet a lo d’Regierung stellt. Awer och de Rietse Secteur, eng gewalttäteg paramilitäresch neonazistesch Grupp, huet bei de Protester eng maassgeblech Roll gespillt; an deementspriechend waren d’Protester also och wäit net sou friddlech wéi duergestallt. E staarke Rôle hunn awer och pro-europäesch orientéiert Oligarche wéi d’Julija Timoschenko gespillt. ((Als Oligarche versteet een am Kontext vun de Länner, déi aus der Sowjetunioun ervirgaange sinn, schwéierräich Leit, déi vun de massenhafte Privatiséierunge während dem Zesummebroch profitéiert hunn an dobäi, oft rechtlech fragwürdeg, zu enormem Räichtum komm sinn. Virdrun hate se oft héich Positiounen an der Sowjetunioun beluecht. Entspriechend si vill vun hinnen och politesch immens mächteg.))

    Trotzdem huet sech zur Zäit vun de Protester eng informell Koalitioun aus Chrëschtdemokrate, Liberalen a Gréngen drop gestierzt, déi Protester ze legitiméieren an ebe méi ze maache wéi just den Autoritarismus vun der Regierung Janukowitsch ze kritiséieren. Déi faschistesch Elementer goufen dobäi gär ignoréiert oder rofgespillt, d’Oligarchen zu virbildleche Kämpfer fir d’Demokratie stiliséiert. Elo sëtze si an enger net gewielter Regierung, déi eigentlech just eng Iwwergangsregierung sollt si, mä schonn zesumme mam Internationale Währungsfong eng rigid Spuerpolitik duerchsetzt, déi d’Liewe vun den Ukrainer nohalteg präge wäerten. ((Déi aktuell biergerkrichsähnlech Zoustänn an de russeschen Involvement dora si rëm en immens komplext Thema fir sech, dat eigentlech schonn en eegenen Artikel wäert wier.))

    Sozial Protester a Bosnie ginn ignoréiert.

    Zur gläicher Zäit gëtt och a Bosnien demonstréiert. Dës Protester ënnerscheede sech awer staark vun deenen a Venezuela a vun deenen an der Ukrain. Am Géigesaz zu Venezuela sinn et keng Protester, déi vun der räicher Elite gedroe gi, mä vun Aarbechter, déi es sat hu mat hirer Situatioun. Si fille sech bedru, well d’Industrie a Bosnien-Herzegowina, déi zu där Zäit, wéi et Jugoslawien nach gouf, floréiert huet, brach leit an entspriechend d’Aarbechtslosegkeet héich ass; a sou ass mat d’Haaptfuerderung vun de Protester och, d’Privatiséierungen ze stoppen an och réckgängeg ze maachen. An zugläich si se ethnesch méi divers an net sou blann pro-europäesch wéi déi an der Ukrain; sou engagéiere sech déi Demonstranten net just géint déi desastréis wirtschaftlech Situatioun am Land, mä och, wéi de Slavoj Žižek bemierkt, géint de Versuch vun nationalisteschen Eliten, déi verschiddenen Ethnien géintenaner auszespillen:

    It is against this background that one should understand the latest events in Bosnia. In one of the photos from the protests, we see the demonstrators waving three flags side by side: Bosnian, Serb, Croat, expressing the will to ignore ethnic differences. In short, we are dealing with a rebellion against nationalist elites: the people of Bosnia have finally understood who their true enemy is: not other ethnic groups, but their own leaders who pretend to protect them from others. It is as if the old and much-abused Titoist motto of the „brotherhood and unity“ of Yugoslav nations acquired new actuality.

    An net nëmmen dat: Déi Protester sinn, am Géigesaz zu deenen an der Ukrain an a Venezuela, effektiv komplett selwer organiséiert. Et gëtt keng grouss Parteien, déi sech als „Leader“ opspillen an d’Demonstranten organiséiere sech a basisdemokratesche Komiteeën, an deenen d’Decisioune getraff ginn, déi sech ënnertene koordinéieren.

    Hei gesi mer also grouss Protester, bei deene sech d’Leit opleene géint Korruptioun, Aarmut, Prekaritéit, Privatiséierung – an trotzdem gëtt vun de grousse politesche Parteien net dovu geschwat; et fuerdert kee Sanktioune géint déi bosnesch Regierung, et fuerdert kee vun hir, op d’Fuerderunge vun den Demonstranten anzegoen, e ronnen Dësch anzeberuffen. An dat, obwuel dës Protester den Ament wuel d’Ideal vun demokrateschen Organisatiounsforme besser representéiere wéi wahrscheinlech soss kee grousse Protest op der Welt.

    Wouru leit dat?

    Et kéint ënner anerem grad doru leien – déi bosnesch Demonstrante sinn eben net sou einfach z’instrumentaliséiere fir eng neoliberal Agenda duerchzeboxen. Ganz am Géigendeel; do weist sech déi aktuell bosnesch Regierung vill méi nëtzlech. Sozial Protester kéinte, wa se am Rescht vun Europa bekannt géinge ginn a vläit souguer Succès opweise kéinten, als Inspiratiounsquell dénge fir Salariéen, Studenten a Pensionnairen, déi och an anere Länner ze leiden hunn ënner rigiden Spuer- a Privatiséierungsmoossnamen.

    V.a. awer géing dat heesche, mir missten eis rëm iwwert en Thema ënnerhalen, dat an eiser postmoderner Gesellschaft relativ onangenehm ginn ass a kaum nach ugeschwat gëtt: sozial Ongläichheet a Klassegesellschaft. Et ass ebe fir Leit, déi de liberale politesche Konsens net a Fro stelle, méi einfach, iwwer Biergerrechter schwätzen ze kënne, wa se sozial Ongläichheeten net uschwätze mussen.

    An der Realitéit awer si sozial a Biergerrechter net sou einfach ze trennen. Net fir näischt sinn Demokratië méi stabil, wann de Sozialstaat staark ass an déi sozial an economesch Ongläichheet geréng; an net fir näischt ass déi rigid Spuerpolitik meeschtens och begleet vun autoritären Haltungen a Froe vu Biergerrechter. Dofir ass d’Motivatioun, déi hannert de jeweilege Protester stécht, wuel och e relevante Facteur bei der Bewäertung vun dësen; wann een dat net unerkennt, riskéiert een, op eemol op där Säit vun de Barrikaden ze stoe, wou een ni stoe wollt.

  • Sveinn schrieb neuen Beitrag, Mogelpackung Juncker, auf der Webseite Res Publica vor 4 Jahren, 7 Monaten

    Wéi de Jean-Claude Juncker e Programm vertrëtt deen net existéiert.

    Bei de kommenden Europawahlen ass eppes anescht. Fir eis zu Lëtzebuerg virun allem och datt d’Europawahlen endlech getrennt vun de […]

  • Eng Replique op de Wort.lu-Artikel vum Hubert Hausemer.

    Haut ass mer op der Säit vum Wort.lu en Artikel opgefall, dee virun e puer Deeg publizéiert gouf, mam Titel „Die homosexuelle Ehe. Kritik der […]

  • De folgenden Artikel iwwert de Reliouns- an de Werteunterrecht hunn ech fir d’Woxx vum verfaasst, wou an der Ausgab vum 28. Februar 2014 a liicht gekierzter Faassung publizéiert gouf:

    Wie die Kirche ihre […]

  • Wat bréngt eis d’Reform vun de Studiebäihëllefen a wat ass d’Alternativ?

    Wéi scho virun de Wahle vu ville Parteien ugekënnegt, solle lo d’Studiebäihëllefen, och einfach Cedies genannt, reforméiert ginn. Fir […]

  • Ech mengen zwar, datt d’Auslännerwahlrecht duerch eng wäitgoend politesch Gläichstellung vun den Auslänner éischter mat dozou bäidroe kéint, real oder angeblech Spannungen tëscht Lëtzebuerger an Auslänner […]

  • D’Verlockunge vun Hetzpropaganda an de sozialen Netzwierker.

    Virun net allze laanger Zäit ass e Blogpost opgedaucht, vun engem Blog, dee sech „Stimme Luxemburgs“ genannt huet, deen an de sozialen Netzwierker, besonnesch Facebook, d’Ronn gemaach huet. Während an anere, vill besser artikuléierten a recherchéierten Artikele vill méi wichteg Themen ugeschwat ginn, huet et sech dobäi ëm e schlecht recherchéierte polemeschen Artikel iwwert déi angeblech Situatioun vun der lëtzebuerger Sprooch gehandelt. Statistike sinn ofgedoe gi mat plompe Stammdëschsspréch („gleef kenger Statistik déi s de net selwer gefälscht hues“), Informatioune si virenthale ginn an op Géigenargumenter gouf vum Auteur an der Kommentarsektioun net agaange – vill méi koum déi üblech Ausso, jiddereen hätt ebe „seng Meenung“. Dat sollt jo schliisslech jiddweree respektéieren. Wie seng Meenung awer net duerch Fakte préife loossen a seng Gedankegäng net duerch weider Argumentatioun beleeë wëll, hätt am Fong besser, se direkt fir sech ze halen.

    Nodeems den Artikel awer relativ oft gedeelt gouf, huet den Auteur beschloss, säi Blog ze läschen – aus wat fir Grënn och ëmmer. Domat war et awer net eriwwer. An de sozialen Netzwierker goung et trotzdem monter weider – a speziell op Facebook; do ass nämlech eng al Säit rëm aktiv gi mam bezeechnenden Titel „Fir all dei et satt hun gesot ze kreien „scheiss letzeboier“ :O“. Ouni elo op d’Rechtschreiwung vum Titel weider anzegoe, kann ee soen, datt déi Säit, déi mëttlerweil awer iwwer 4000 „Likes“ huet, net just dofir do ass, fir datt Leit ziele, wéi oft se dach „scheiss letzeboier“ genannt gi wieren. Dat mécht kaum een. An der Beschreiwung vun der Säit steet zB.: „Seit geint diskrimination vun de Letzebuerger sprooch a bierger!“ D’Profilbild ass e béis kuckende roude Léiw op engem hollännesche Fändel, deen awer wahrscheinlech dee Lëtzebuergeschen duerstelle soll. Nieft deem steet „KEEN RENNT MENG MAMMESPROCH MAT FÉISS“. Natierlech a Groussbuschtawen – et kéint jo soss een et net matkréien. Wann een awer sou kuckt, wat alles op där Säit steet, gëtt séier kloer, wien hir Mammesprooch wierklech mat Féiss trëtt; d’Administratore vun der Säit an all déi grouss selwerernannte „Sproochebewahrer“ déi sech do tummelen. Et ass net just falsch Rechtschreiwung – et ass carrément komplett falscht Lëtzebuergesch, dat sou geschwat ëmmer nach falsch wier.

    Dat ass awer net de Grond, wisou ee sech mat sou Säiten auserneesetze sollt. De Grond, wisou déi Säit, déi eigentlech am Ozean vun der Irrelevanz hätt misse versénken, eng Relevanz huet, ass well se mat dozou bäidréit, eng Well vun Desinformatioun iwwert d’Land ze fegen, déi Lëtzebuerger géint Auslänner ophetzt an d’Diskussioun iwwert d’Sproochesituatioun nach méi an d’Hysterescht an d’Irrationaalt dreift ewéi se lo schonn ass.

    Dovu profitéieren dann natierlech och séier rietspopulistesch Politiker, wéi de jonken ADR-Gemengerot Joe Thein; hien huet op där Säit (an op sengem perséinleche Profil) eng Stellungnahm verëffentlecht, wou e rëm eng ominéis „lénk“ Verschwörung fir d’Sproochesituatioun verantwortlech mécht.

    Hallefwouerechten a falsch Aussoe musse korrigéiert gi fir d’Diskussioun ze lancéieren.

    Jo, et ass néideg, iwwert d’Situatioun vun der lëtzebuerger Sprooch ze diskutéieren. Si misst en inklusive Charakter kréien, deen d’Leit déi hei liewen zesummebréngt an eng gemeinsam Verstännegung erméiglecht – mä mir duerfen och net vergiessen, datt nach zwou Sproochen eng grouss Roll spillen zu Lëtzebuerg. A vill Leit mengen, eng vun dësen zwou Sproochen, nämlech dat Franséischt, géing ëmmer méi eng dominant Roll iwwerhuelen a geschwënn dat Lëtzebuergescht verdrängen. Dat ass awer eng immens vereinfacht Vue – déi sou a kenger Diskussioun standhält, déi den Numm verdéngt.

    Tatsächlech ass et e wéineg anescht: Déi lëtzebuerger Sprooch ass rëm um Kommen. An dank sozialen Netwierker, den neie Medien a moderne Kommunikatiounsmëttel méi wéi zanter Laangem. Mat den SMS huet et ugefaangen; fir d’éischte Kéier hu Leit, wann och just a kuerze Messagen, op Lëtzebuergesch matenaner geschriwwen. Nach eng Generatioun virdru goufe Bréifer op Franséisch oder Däitsch ausgetosch. Mat den Chats, de Foren an de Blogs goung et weider; och hei huet dat Lëtzebuergescht ëmmer méi dominéiert – a mat rtl.lu an eldo.lu gëtt et souguer zwou gréisser Noriichtesäiten, déi geschriwwen Noriichten op korrektem Lëtzebuergesch ubidden. Et sinn an éischter Linn déi „al“ geschriwwe Medien déi nach op Franséisch oder Däitsch mat hire Lieser kommunizéieren.

    Ma och dat ass d’Resultat vun enger laanger Entwécklung. Sou gouf viru knapp 50 Joer an der Chamber nach franséisch geschwat. Haut diskutéieren eis Deputéiert alleguerten op Lëtzebuergesch. 1984 gouf Lëtzebuergesch dunn iwwerhaapt mol zu enger (kultureller) Sprooch erhuewen – streng linguistesch ass et weider éischter en däitschen Dialekt – an domat dunn och zur Nationalsprooch an drëtten Amtssprooch deklaréiert. Zugläich huet sech och de Wahlkampf vun de politesche Parteien zugonschte vum Lëtzebuergesche geännert a virun allem d’Plakater, déi jo ëmmerhi während dem Chamberwahlkampf d’Vue quasi dominéiere, si mëttlerweil ëmmer op Lëtzebuergesch – am Géigesaz zu fréieren Zäitenf. Dëst ass d’Resultat vun enger längerer Entwécklung. An deene leschte Joere gi souguer Wahlprogrammer öfter (och) op Lëtzebuergesch publizéiert.

    Ze constatéieren ass awer och, datt déi ugebuede Lëtzebuergesch-Coursë ëmmer méi genotzt ginn, deelweis souguer iwwerfëllt sinn. Dorënner sinn och eng jett Frontalieren – eng Zuel déi en plus ëmmer weider wiisst. Fir de Revival vum Lëtzebuergesche schwätzt och, datt een d’Sprooch mëttlerweil och op där anerer Säit vun der Grenz léiere kann an et en eegent Unisfach gëtt, dat sech mat Luxemburgistik beschäftegt.

    Elo freet sech sécher munchereen: „Mä dat kann dach net sinn, ech muss meng Aachtchen ëmmer nach op Franséisch bestellen. Wéi soll dat da goen?

    Dat ass ganz einfach. Dëse „Revival“ an deem Ausmooss wéi e lo stattfënnt ass e relativ rezente Phänomen. Eng Sprooch awer brauch meeschtens eng Zäit, fir sech ze konsolidéieren. Dat spiert een net einfach innerhalb vun enger Handvoll Joer. Dës Dynamik bräicht elo – ganz ouni gréisser Hëllef – grob gekuckt eng Generatioun fir sech ze festegen.

    A wat d’Awunner vu Lëtzebuerg ugeet, sou ass et elo scho sou, datt eng gutt Majoritéit dovu regelméisseg lëtzebuergesch schwätzt, fir genee ze sinn, 78%. 54% vun den Auslänner, 98% vun de lëtzebuerger Staatsbierger benotzen d’Sprooch an hirem Alldag. Dat Lëtzebuergescht bleift also souguer dominant Sprooch, och wann ëmmer méi Famillje méisproocheg sinn an net onbedéngt jidderee Lëtzebuergesch als Mammesprooch huet. Dobäi sief gesot, datt ënnert de lëtzebuerger Staatsbierger och gutt d’Halschent e Migratiounshannergrond huet. Trotz, oder grad wéint dësem multikulturellen Hannergrond vum Land stierft dat Lëtzebuergescht also net aus.

    „D’UNESCO gëtt eis awer Recht a seet och, eis Sprooch wier vum Ausstierwe bedreet!“

    Jein. Fir d’Éischt emol sinn d’Critèrë vun der UNESCO net besonnesch gutt gewielt fir eng Sprooch als „vum Ausstierwe bedreet“ ze charakteriséieren a Lëtzebuergesch gëtt och nach just am niddregste Gefäerdungsgrad agestuuft. Si ass „a Gefor“ – an net „vum Ausstierwe bedreet“.

    D’Critèrë si, wéi scho gesot, éischter dubiéis. Sou geet et duer, datt eng Sprooch vergläichsweis wéineg Spriecher insgesamt huet, fir datt se vun der UNESCO als menacéiert opgelëscht gëtt. Awer och de Fait, datt net déi gesamt Bevëlkerung d’Sprooch schwätzt, ass e Critère.

    Besonnesch lächerlech ass awer bei der Etude vun der UNESCO, datt déi lëtzebuergesch Sproochesituatioun guer net berücksiichtegt gëtt. Just well et eng administrativ vernoléissegbar Sprooch ass, déi kaum (korrekt) geschriwwe gëtt an an éischter Linn an neie Medië, sozialen Netzwierker an am geschwatene Kontext gebraucht gëtt, ass se „a Gefor“. Eng Tatsaach déi hei net beduecht gëtt: Dat Lëtzebuergescht hat nach ni eng besonnesch ausgeprägte schrëftlech Traditioun, huet sech awer trotzdem iwwer d’Joeren erhalen – an dat obwuel dat Franséischt och ëmmer eng wichteg Roll gespillt huet.

    Dat Lëtzebuergescht ass ëmmer nach déi dominant geschwate Sprooch.

    D’Bedeitung vum Lëtzebuergeschen huet also insgesamt zougeholl. Et mag zwar ëmmer nach deen een oder aneren Defizit gi, mä et leit an der Natur vun engem Sproocheproblem, datt dëse sech net vun haut op muer léist. Do brauch et nunmol e wéineg méi Gedold wéi de Stammdësch entbiere kann.

    Grad well dat do awer en Thema ass, wou sech ganz einfach nationalistesch Ressentimenter schüre loossen an „d’Auslänner“ regelméisseg zu engem einfache Feindbild maache loossen. Net fir näischt gëtt déi Facebook-Säit, déi uewen ernimmt gouf a leider e gewëssen Erfolleg opzeweisen huet, ënner anerem vum Steve M. geréiert, dee schonn öfter duerch rassistesch a faschistesch, oft gewaltverherrlechend Spréch opgefall ass a mat entspriechender Symbolik kokettéiert a bis virun de Wahle probéiert huet, sech an der ADR z’engagéieren.

    Grad ewell awer net jiddereen dee sech fir d’lëtzebuerger Sprooch engagéiere wëll, en Nationalist ass oder géint aner Leit ophetze wëll, ass et ëmsou méi wichteg, d’Fakten ze kenne wann een dësen Engagement untrëtt – an datt ee sech net vu sou irrationalen Tendenzen awéckele léisst. Et sollt een dobäi ëmmer en inklusiven Usproch vertrieden – an net probéiere, Leit ze jugéieren an auszeschléissen a sech op kee Fall vu geziilten Desinformatiounscampagnen dovun oflenke loossen. Desinformatioun ass nämlech mat déi gréisst Gefor vun all Demokratie.

  • Risikofacteur „direkt Demokratie“ an enger demokratescher Gesellschaft.

    Besonnesch am rietspopulistesche/konservative Spektrum schéngt déi direkt Demokratie nom schwäizer Modell immens beléift ze sinn. Et gëtt […]

  • E Plädoyer fir eng Gesellschaft, déi keng Upassung fuerdert.

    Integratioun an Upassung si Schlagwierder, déi an all Debatt zu Immigratiounspolitik mindestens zengmol falen. „Et muss ee sech jo awer […]

  • E Réckbléck op d’Wahlen an hir Konsequenzen

    Aus dem Internetfantom Dräierkoalitioun ass elo eng potenziell Realitéit ginn: Fir d’éischte Kéier zanter 1979 besteet eng realistesch Chance, datt eng Regierung ouni […]

  • Oder: Wat wier méi schlëmm wéi en „Neiufank“ mat CSV an LSAP?

    An den Ae vu munche Leit fokusséiert sech déi Lénk an hirer Kritik an éischter Linn op d’LSAP, während si sech – an der Logik vun de Sozialisten – […]

  • Wéi d’LSAP am Wahlkampf all Sënn fir Realitéit verléiert

    Et ass ee jo gewinnt, datt grad sou kuerz virun de Wahlen d’Parteie sou eng Tendenz hu, besonnesch demagogesch ze ginn a besonnesch irrational mat […]

  • Mehr laden